14. August 2023


Den Veräin aktiv Viichten besteet elo 5 Joer. Deemools virun 5 Joer huet den Comité mat ongewëssen ugefangen, haaptsächlech

d‘Awunner vun Viichten an Méchelbuch bei Aktivitéiten zesummen ze bréngen.

Natierlech waren, an sinn och all aner Awunner aus den Gemengen aus dem ganzen Land bei ons wëllkommen.


Eisen Sproch um Flyer ass:

…nach ëmmer Loscht op Viichten?

…da kommt an begéint Viichtener Leit um


Den Comité aktiv Viichten ass stolz drop,

esou vill areecht ze hunn.

Mir soen MERCI all deenen, déi ons gehollef hunn, an trei mat ons deen Wee gaangen sinn.

MERCI fir äre Ënnerstëtzung. Den 28. Februar 2022 hunn mir Zuel 70 000 iwwerschratt.

Den 21.10.2021 hunn mir mat Iech zesummen déi

60 000 iwerschratt.

Elo hunn ech et erëm verpasst eng ronn Zuel ze erwëschen.

Haut um 22.05.2021 ass dann d‘ Halschent vun

100 000 eréischt ginn.

Alt nees een decke Merci un Iech dobaussen.

De Comité aktiv Viichten kann net dax genuch Merci soen. Haut um 3. Februar 2021 ass eng 4 fir stoe komm.

Erëm eng magesch Zuel eréischt, 

obwuel et een ausser gewéinlecht Joer ass, haut um 9.November 2020, dat heescht, an bësse méi wei 4 Méint: 10000 Visiteur,

dat hunn mir nëmmen iech ze verdanken, dofir een

an bleift ons weider esou trei, mir maachen onst Bescht. 🤭

Nach een mol en grousse

un Iech dobaussen, fir ären Intresse.

Enn Juni hate mir

Visiteuren eréischt.

Vill Spaass weiderhin op dëse Säiten

Mëtt Dezember 2018 ass des Homepage op gemaach ginn, fir iech dobaussen um lafenden ze halen, mat Informatioun an Biller, wat esou am Duerf vum Aktiv VIICHTEN organiséiert gëtt.

Mäin Ziel war, am Zäitraum vun engem Joer 10 000 Visiteur ze areeschen.

Den 12 Dezember 2019 war et dann sou wäit.

14. August 2019

Et geet ee Grond ze feieren, elo ass et ee Joer hir, wou den aktiv VIICHTEN gegrënnt gouf. An dem Joer ware mir richteg gutt aktiv. Mir sinn houfreg drop, bis elo esou vill beweegt ze hunn, an soen Iech alleguer Merci, well ouni är Präsenz an Ënnerstëtzung wär dat net méiglech gewiergt. Net nëmme mir, mee all Veräi braucht déi néideg Ënnerstëtzung. Bleift ons weider esou Trei, an mir fueren weider mat Motivatioun, an ënnert dem Moto, wéi dat op der Start Säit ernimmt ass. Eist Duerf soll liewen.