Häerzlech Wëllkomm op der Säit vum

17 Dezember 2018

Dir frot iech bestëmmt, wien ass dat, aktiv VIICHTEN. Virun 2 Joer ass d‘Iddi entstanen, ee Veräin ze grënnen, fir mat bäi ze droen, d‘Aktivitéit vum Duerfliewen Viichten / Méchelbuch opzefrëschen.

Mir sinn zu 13 Veräi Grënner, aus allen Altersgruppen, déi d'Statuten zesumme gesat hunn. Net méi spéit wei de 14. August am Joer 2018 gouf de Veräin da registréiert. An enger Aussergewéinlecher Generalversammlung ass dunn de Comité gewielt ginn, de President, Tresorier, Sekretär, a 7 Memberen.

De Veräin aktiv VIICHTEN huet sech zum Ziel gesat, frësche Wand an d’Duerfliewen vun Viichten / Méchelbuch ze bréngen. An dat mat Festivitéiten, an Aktivitéiten déi Iech, d‘Awunner erëm sollen op engem flotten Nomëtteg beienee bréngen, fir e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen, ouni wäit mam Auto mussen ze fueren.

Mir iwwerhuelen keng Garantie, op alles richteg ass wat hei op dësen Säiten steet.

powered & designed by Patrick Martin, Vichten