Mir sinn bei der Fënster 24 ukomm, an bis elo ware ganz schéin Dekoratiounen dobäi.

Dir braucht nëmmen ganz ënnen op dat Wuert „ADVENTSKALENNER“ ze klicken, fir déi Fotoen ze kucken  

Da geet eng nei Säit mam Kalenner op. Do klickt dir déi Fënster vum Dag un, an där Fënster steet eng Adress, wou dir kennt am Duerf no 18 Auer eng flott dekoréiert Fënster oder eng Dekoratioun bewonneren. Et kennen och zwou Adressen op engem Dag sinn, an eng aner Auerzäit !

Profitéiert dovun een klengen Tour trëppelen ze goen. Am Prinzip sinn déi Fënsteren jeeweils bis den 24. Dezember ze bestaunen. Och kennt eng Foto vun der Fënster an den Adventskalenner.

Bei all Fënster oder Dekoratioun, gëllen déi Sanitär Mesuren: 

MERCI

Hei wei versprach nach pur aner Fotoen vun dem Schoulsite.

De QR-Code scannen oder den Text niewendrun oder ënnen drënner uklicken, fir d‘Lidd vun den Schoulkanner ze lauschteren.  

An vun der Maison Relais. 

De QR-Code scannen oder den Text niewendrun oder ënnen drënner uklicken, fir d‘Lidder ze lauschteren.

Mir wëllen dann hei och nach mol un ons Tasen erënneren, wou den ganzen Erléis fir een gudden Zweck ass. Macht iech bäi, et geet zum Schluss.

ass nach bis den März ze bewonneren